Football-Indoor (scolaires mixtes) à la Coque C4

17-12-2015

Description



Football Indoor - Championnat 2015 - 2016
pour équipes scolaires mixtes* (cycle 4)
le jeudi, 17.12.2015 à la Coque (Gymnase)
*Attention!! Une équipe mixte est composée de 8 à 10 joueurs dont au moins 2 filles.

Règlement
Un secrétariat est ouvert à partir de 13.30 heures pour vérifier la fiche d’inscription de chaque équipe (inscription des enfants sur la licence collective)
Les dirigeants sont priés d’apporter une copie de la licence collective de leur AS actualisée et validée au préalable par le secrétariat général.
Les enfants doivent être licenciés au moment de la date d’inscription pour la participation au championnat de football en question.
Nombre maximal d’équipes: 16
Une équipe par AS en principe! Une AS peut inscrire une deuxième équipe sous réserve des disponibilités. Dans ce cas les joueurs ne seront plus interchangeables après le début des rencontres.
Une équipe est composée de 8 à 10 joueurs dont au moins 2 filles.
5 joueurs évoluent sur le terrain (minimum 1 fille): 1 gardien et 4 joueurs.
Un maximum de deux débutants peut jouer dans une équipe scolaires.
Les licenciés minimes peuvent faire partie de l’équipe « scolaires » sous condition qu’un seul minime n’évolue sur le terrain.
Une équipe incomplète peut participer au championnat et se compléter le cas échéant par un ou plusieurs joueurs d’une autre AS. Elle est alors classée hors-concours.
Le secrétariat général, en concertation avec les organisateurs de la fête sportive (Jacques Müller et Gilbert Schneider) peut annuler ce tournoi de football indoor avant 10.00 heures, si les conditions météorologiques sont trop mauvaises.
Le Comité Central décline toute responsabilité en cas de vol ou de perte.
Tout cas non prévu par le présent règlement sera tranché par les organisateurs de la fête sportive ainsi que par un membre du secrétariat général de la LASEP.
Les matchs sont dirigés par des arbitres neutres.
Les matchs sont disputés avec un ballon « Indoor-Lowbound »
(Règlement FLF)
Folgend Aktivitéite ginn an engem Punktesystem fir d’Bestëmme vun de Gewënner vum Football-Fest bewäert: Matcher, Torwandschéissen, Speed Kick, Passen a Jongléieren.

Dee Punktesystem fir all Aktivitéit erméiglecht:
de Spiller de ganzen Nomëtteg aktiv ze sinn, an hir gesamt Ballgeschéck- lechkeet ze préifen.
enger Equipe mat guddem Teamgeescht méi Gewënnchancen géintiwwer enger Equipe mat eenzelnen erausragende Spiller anzeraumen.
engem motivéierte Spiller, deen sech am Match net esou behaapte kann, och d’Méiglechkeet ze bidden, een Erfollegserliefnes ze hunn, andeems hien an Ateliere fir seng Equipe punkte kann.


Match
Gespillt gëtt mat engem Indoor-Lowbound-Ball (Règlement FLF).
All Fräistouss kann direkt an de Goal geschoss ginn. Et gëtt also keen indirekte Fräistouss.
Wann de Goalkeeper als Leschten de Ball beréiert éier en an de Goalaus geet, gëtt et natierlech Corner.
Wann de Ball de Plafong beréiert, kritt déi Equipe, déi net als Lescht um Ball war, en Astouss mam Fouss op där Héicht vum Terrain, wou de Ball de Plafong beréiert huet.
All „Aworf“ gëtt als Astouss mam Fouss gespillt, an däerf net direkt an de Goal geschoss ginn.
De Goalkeeper däerf de Ball nom Goalaus nëmme mat der Hand geheien, awer net iwwert d’Mëtt.
De Goalkeeper dierf e Ball, deen hie fänkt, net aus der Hand mam Fouss no vir schéissen.
Eng Réckgab un de Goalkeeper zitt en direkte Fräistouss op der Strof- raumlinn mat sech.
De Strofstouss gëtt vun der Strofraumlinn aus geschoss.
D’Matcher daueren 8 Minutten ouni Paus.
Tackling an der Hal ass absolut verbueden !!
Fairplay steet natierlech un éischter Plaz.
Fir d‘Klassement zielt:
eng Victoire mat enger Goaldifferenz vun 3 oder méi 5 Punkten
eng Victoire mat enger Goaldifferenz vun 1 oder 2 4 Punkten
ee Gläichspill mat Goaler (1-1 ; 2-2 ; a.s.w.) 3 Punkten
ee Gläichspill ouni Goaler (0-0) 2 Punkten
eng Néierlag mat Goaler ( 3-5; 1-2; a.s.w.) 1 Punkt
eng Néierlag ouni Goal (0-1; 0-2; a.s.w.) 0 Punkten
Torwandschéissen:
All Equipe schéisst 20 mol. All Spiller schéisst 2 bis maximal 3 mol aus enger markéierter Distanz. D’Punkte ginn zesummegerechent an duerch 100 gedeelt.
Speed Kick
All Spiller schéisst an ee Goal; d’Schosskraaft gëtt elektronesch gemooss.
All Equipe schéisst 20 mol. All Spiller schéisst 2 bis maximal 3 mol.
D’Vitesse ginn zesummegerechent an duerch 100 gedeelt; z.B. 20 mol 60km/h = 1200; 1200:100=12 Punkten
Passen
All d’Spiller vun enger Equipe stellen sech hannerteneen an eng Rei an engem 5m Ofstand zu enger ëmgelueter Laangbänk. De Ball gëtt vum éischte Spiller widdert d’Bänk gespillt; dee Spiller stellt sech séier hannen an d’Rei;
Deen nächste Spiller spillt dann aus enger festgelueter Schosszone (zwëschen 3 a 5 m vun der Bänk) widdert d’Bänk a.s.w.; dat heescht de Ball muss ëmmer fir d’éischt an d’Schosszone zeréckprallen, éi de Ball vum nächste Spiller geschoss däerf ginn. Kënnt de Ball net an d’Zone zeréck oder geet verluer, däerf de Ball mat der Hand zeréck op d’5m Linn geluet ginn, fir erëm weider ze spillen. Et gëtt do weidergezielt fir d’Unzuel vun de Passen.
Et soll wa méiglech nëmme mat engem Kontakt gespillt ginn (also direkt).
2 Minute laang ginn d’Passe gezielt (all gülteg Pass = 1 Punkt)
D’Equipe huet 2 Versich; dee beschte Versuch gëtt verrechent.
Jongléieren (vereinfacht)
All Spiller jongléiert de Ball an engem begrenzte Raum vun 3 x 3 m, d.h. hien hält de Ball an der Lut, awer no all Ballkontakt (ouni Hänn natierlech) muss de Ball 1 mol (an net méi!) de Buedem beréieren. All Spiller huet 2 Versich; dee beschte Versuch zielt.
D’Jonglage vun der ganzer Equipe ginn zesummegerechent an duerch d’Spillerunzuel gedeelt; aus Zäitgrënn gëtt ee Maximum vu 25 Jonglage pro Spiller festgeluet. De Spiller däerf eng agezeechent Zone vun 3m x 3m net verloossen, soss gëtt opgehal mat zielen.
Punktesystem
Bei Gläichstand beim Schlussresultat zielt Folgendes:
1) Torverhältnis am Generalklassement vun de Matcher
2) déi meeschte geschosse Goaler am Generalklassement vun de Matcher
3) 7 Meter-Schéissen

Oflaf
All Equipe kritt een Zäitplang no deem si sech muss an deene verschiddenen Atelieren afannen.
Déi Equipen, déi Paus hunn, däerfen sech net bei engem Atelier ophalen, mee mussen op den Tribune waarden, bis si erëm an den Asaz kommen. Do kënnen si sech fir deen nächste Match prett maachen.

Esprit LASEP
D’Matmaache vun all Spiller, den Teamgeescht an de Fairplay si bei der LASEP prioritär !!

D’Equipe vum Grupp Innovatioun vun der LASEP wënscht all AS vill Spaass.

Responsable Football: Jacques Müller
Inscription

Les inscriptions sont à envoyer pour le 5 décembre 2015 à l’adresse
inscriptions@lasep.lu en indiquant
le nom de l’AS
le nom, l’adresse électronique et le numéro de téléphone du dirigeant responsable




Résultats



rang équipe AS points
1 A Goesdorf 195,2
2 P Ettelbruck 194,9
3 F Lux. Bonnevoie-Verger 193,0
4 G Luxembourg-Cents 182,0
5 H Diekirch 178,5
6 I Dippach 175,3
7 D Mondercange/Pontpierre 168,9
8 E Berbourg 148,1
9 C Roeser 145,5
10 O Leudelange 144,5
11 J Bissen 128,5
12 K Préizerdaul 116,4
13 L Roodt-Syre 104,7
14 B Sandweiler 95,9


M Schieren hors concours 179,8
N Kopstal/Bridel-Berbourg hors concours 117,3