Communiqué LASEP en date du 13 juillet 2026




Face à la vague de chaleur attendue :

METEOLUX –> ALERTE JAUNE


Opgepasst! Et gëlle folgend Consignen:
Soulaang wéi déi héich Temperaturen unhalen, recommandéiert de Bureau Exécutif vun der LASEP bei Äre LASEP-Seancen onbedéngt op Folgendes opzepassen:

  • bleift am beschte mat de Kanner am Schiet
  • evitéiert, datt d’Kanner grouss kierperlech Efforte maachen
  • wann dir op eng Spillplaz gitt, dann denkt un eng Kappbedeckung a Sonnecrème fir d’Kanner
  • d’Kanner solle genuch drénken, well se méi schnell deshydratéieren

Dës Mesure sollen zu der Sécherheet, der Gesondheet an dem Wuelbefanne vun eise Kanner bäidroen.

Eventuell Direktive vum MENJE si selbstverständlech och fir d’LASEP applikabel.

Wann eng Gemeng wéinst der Hëtzt schoulfräi gëtt, mussen deen Dag och d‘LASEP-Seancen an där Gemeng annuléiert ginn.

! Eng Surveillance MUSS garantéiert sinn !

D'LASEP-Dirigeante sollen am enke Kontakt mat all Concernéiert sinn.


Villmools Merci a sportlech Gréiss


Bureau Exécutif LASEP








Communiqué LASEP en date du 17 juin 2026




Face à la vague de chaleur attendue :

METEOLUX –> ALERTE JAUNE / ORANGE


Opgepasst! Et gëlle folgend Consignen:
Soulaang wéi déi héich Temperaturen unhalen, recommandéiert de Bureau exécutif vun der LASEP bei Äre LASEP-Seancen onbedéngt op Folgendes opzepassen:

  • bleift am beschte mat de Kanner am Schiet
  • evitéiert, datt d’Kanner grouss kierperlech Efforte maachen
  • wann dir op eng Spillplaz gitt, dann denkt un eng Kappbedeckung a Sonnecrème fir d’Kanner
  • d’Kanner solle genuch drénken, well se méi schnell deshydratéieren

Dës Mesure sollen zu der Sécherheet, der Gesondheet an dem Wuelbefanne vun eise Kanner bäidroen.

Eventuell Direktive vum MENJE si selbstverständlech och fir d’LASEP applikabel. Wann eng Gemeng wéinst der Hëtzt schoulfräi gëtt, mussen deen Dag och d‘LASEP-Seancen an där Gemeng annuléiert ginn.


Villmools Merci a sportlech Gréiss


Bureau exécutif LASEP








Wichteg Info




Vu d’Alerte jaune vu Meteolux fir haut, huet de Bureau Exécutif vun der LASEP haut de Moien decidéiert, de Spillcross zu Bissen vun haut 04.06.2026 ze annuléieren. E ka leider net reportéiert ginn.

ALL CONCERNÉIERT LEIT MUSSEN INFORMÉIERT GINN! Soot wgl. den Dirigeanten, den Elteren, de Maison Relais’en an de Busfirme Bescheed. Eng Surveillance muss assuréiert si fir déi Kanner déi net anerwärts encadréiert ginn.

Merci fir Ärt Versteesdemech!








METEOLUX 02.07.2025 -> ALERTE ORANGE / ROUGE




Soulaang wéi déi héich Temperaturen unhalen, recommandéiert den CA vun der LASEP bei Äre LASEP-Seancen onbedéngt op Folgendes opzepassen:

  • bleift am beschte mat de Kanner am Schiet
  • evitéiert, datt d’Kanner grouss kierperlech Efforte maachen
  • wann dir op eng Spillplaz gitt, dann denkt un eng Kappbedeckung a Sonnecrème fir d’Kanner
  • d’Kanner solle genuch drénken, well se méi schnell deshydratéieren

Dës Mesure sollen zu der Sécherheet, der Gesondheet an dem Wuelbefanne vun eise Kanner bäidroen.

D‘Direktive vum MENJE si selbstverständlech och fir d’LASEP applikabel.

Wann eng Gemeng wéinst der Hëtzt schoulfräi gëtt, sinn deen Dag d‘LASEP-Seancen an där Gemeng annuléiert, bei Besoin muss awer eng Surveillance assuréiert ginn !

Villmools Merci a sportlech Gréiss,

Lis Bausch

Secrétaire Général LASEP