Beweegungslidd




Download



Bewegungslidd ( op Melodie vun Theo-Der Fitnesssong-Volker Rosin)


Refrain:    

Sporty, Sporty, ass fit, all zesummen, 
sange mir dëst Lidd
klapp deng Hänn, (klapp-klapp)
klapp däi Fouss, (stampf-stampf)
klapp deng Hand, klapp däi Fouss, 
dat gëtt grouss!

  1. Klamm a laf, wéi ee klengen Af,
    rop an nees eraf, dat mécht Freed.
    An dann dréie mir am Krees,
    komm begleet eis op dës Rees,
    a lo just op engem Been,
    ei dat gleeft eis dach wuel keen!

  2. Sprang a schwamm, dat ass däi Programm, 
    Brasse a vläit nach Kraul, sief net faul.
    A lo gi mer déif an d´Hock, 
    man e Kappsprong vun dem Bock,
    komm lo tauch bis op de Grond, 
    dat hält fit an och gesond!

  3. Werf a schéiss, mat den Hänn a  Féiss,
    op a Gol, a Kuerf, dat gëtt Luef.
    Op aleng oder am Grupp,
    jo d´Lasep dat ass däi Club.
    Denk u Fairness, lief Fair-Play,
    Hand op d´Häerz mir ginn ons Méi!

  4. Sang a laach, t´gëtt e flotten Dag,
    ei dat ass genau, däi Geschmaach.
    A lo gi mir eis all d´Hand,
    jo d´Lasep ass fir all Kand.
    Mir hu Spaass an och vill vill Freed
    u Beweegung  déi gutt deet.

Beweegungslidd (PDF-Dokument)