1000 km Schwammen (C1-C4)

01-03-2027 | 08:00

Description



1000 KM SCHWAMMEN (C1 - C4)

01. Mäerz - 26. Mäerz 2027

Zil:

All eis LASEP-Sektioune probéieren am Mount Mäerz 2027 wärend de LASEP-Schwammseancen, den SEA-Schwammseancen an awer och wärend dem Schoulschwammen zesummen 1000 Kilometer ze schwammen.

Oflaf:

  • D’Kanner sollen an de LASEP-Seancen an/oder an den SEA-Schwammseancen an/oder am Schoulschwammen esou vill schwamme wéi méiglech.

  • All Schwammstil ass erlaabt.

  • D’Dirigeanten, d’Educateuren oder d‘Enseignanten notéieren d’Unzuel vun de geschwommene Meteren.

  • D’Sekretäre vun de LASEP-Sektioune sinn zoustänneg fir d‘Koordinatioun tëschent LASEP, SEA a Schoul a sollen den Total (a Meter) dem LASEP-Büro bis de 12. Abrëll 2027 per Mail matdeelen (steve.marx@lasep.lu).

Online-Aschreiwunge lafe vum 01. Oktober 2026 (18h00) bis den 31. Oktober 2026 (24h00) nëmme via www.lasep.lu!