Butzendag à Esch/Alzette

30-11-2017

Description



1. De grousse BUTZENDAG vun der LASEP fir C1 an C2 ass dënschdes, den 21. November zu Steesel, donneschdes, den 23. November zu Harel an donneschdes, den 30. November zu Esch-Lalléng.

2. De grousse BUTZENDAG vun der LASEP soll Freed machen, ons Butzen sollen d‘Aventure Sport erliewen an enger Hal mat ville Kanner, vill méi ewéi 20.

3. An de Sportshale ginn d‘Kanner agedeelt queesch duerch déi eenzel Sektioune mat engem Responsable pro Grupp.

4. An der Hal gi gläichzäiteg verschidden Atelieren ugebueden an d‘Gruppen triede mateneen un a wiesselen no enger bestëmmter Zäit.

5. D‘AS, déi esou ee Butzen-Nomëtteg organiséiert, kritt eng finanziell Hëllef vu 30€.

6. Et wier flott, wann d‘Kanner zesumme mat hiren Dirigeanten, éier si op déi verschidden Atelieren verdeelt ginn, e puer Minutten op eng flott Musek waarm gemat kéinte ginn. Duerno soll et direkt lass goen.

Responsable Butzen: Goergen Claudine / Vallé Tania