Promotion Dodgeball à la Coque (C3-C4)

15-12-2026 | 14:00

Description



PROMOTION DODGEBALL (C3 - C4)

mardi 15 décembre 2026 de 14h00 à 17h00

Gymnase de la Coque

2 Rue Léon Hengen, L-1745 Luxembourg

Informatiounen:

A. Ekippen

D’Kanner aus deene verschiddene Sektioune ginn an der Sportshal a gemëschten Ekippen opgedeelt.

B. Spillreegelen

Déi vereinfacht Reegele vum Dodgeball

  • 2 Ekippen à 5 Spiller trieden an engem begrenzte Spillfeld géintenaner un.
  • D‘Zil ass et d‘Géigespiller mat den Dodgebäll (2 Stéck sinn am Spill) ze treffen/ofzeschéissen.
  • Déi getraffe Spiller mussen d’Feld verloossen.
  • Et ziele just direkt Kierpertreffer (d.h. de Ball däerf virdrunner net de Buedem beréieren).
  • Gëtt en „Abpraller“ gefaangen, leeft d’Spill weider. Falls den „Abpraller“ net gefaange gëtt, si béid Spiller getraff a mussen erof vum Feld.
  • Beim Werfe vun den Dodgebäll däerf een net an d’neutral Zone trëppelen, soss ass de Worf ongülteg.
  • Verléisst e Spiller beim Auswäiche vun den Dodgebäll säin Terrain, zielt dat als Treffer an hie muss d’Feld verloossen.
  • Fänkt een en Dodgeball vum Géigner op, ass de Werfer eraus, an e getraffene Spiller vun der eegener Ekipp däerf nees an d‘Feld.
  • Gespillt gëtt op Zäit. (8 Minutten)

C. Remark

Eng Sportsmanifestatioun vun der LASEP kann den Dag selwer wéinst schlechte Wiederkonditiounen oder aneren Ursaachen, déi net virauszegesi sinn, ofgesot ginn. -> Message via SMS virun 10:00 un d’Sekretären an déi responsabel Dirigeante vun de Sektiounen.

Prise en charge par la CF des intervenants pour l’encadrement des enfants selon la philosophie 8-12-15 de la LASEP.

Le transport en bus devra, dans la mesure du possible, être organisé ensemble avec les sections voisines.

Online-Aschreiwunge lafe vum 01. Oktober 2026 (18h00) bis den 31. Oktober 2026 (24h00) nëmme via www.lasep.lu!