Butzen Cycles 1+218-11-2014DescriptionGrousse Butzendag vun der LASEP fir den Cycle 1 an 2 De grousse BUTZENDAG vun der LASEP ass den Dënschdeg, 11. November, den Donneschdeg, 13. November, den Dënschdeg, 18. November 2014. De grousse BUTZENDAG vun der LASEP soll Freed machen, ons Butzen sollen d‘Aventure Sport erliewen an enger Hal mat ville Kanner, vill méi ewéi 20. An de Sportshalen kommen eng 100 Kanner zesummen, déi a Gruppen agedeelt ginn queesch duerch déi eenzel Sektiounen mat engem Responsablen pro Grupp. An der Hal ginn gläichzäiteg 6 Ateliers (oder méi) ugebueden an déi 6 (oder méi) Gruppen trieden mateneen un a wiesselen no enger bestëmmter Zäit (8 bis 10 Minuten). De Nomëtteg soll vun 14 - 16 Auer daueren mat dem Aus- an Undinn, déi effektiv Spillzäit soll nët méi ewéi 60 Minuten sinn. Dee Nomëtteg soll keng Schoul gehal ginn, an och keng Schoul sinn. Wa mir ons all net ze komplizéiert ustellen, misst dat Ganzt eng flott Experienz ginn, fir déi Grouss ewéi fir déi Kleng. D‘AS, déi esou een Butzen-Nomëtteg organiséiert, kritt eng finanziell Hëllef vun 25 € a vun 2 € pro Participant. Et wier flott, wann ee géif probéiren, d‘Kanner zesummen mat hiren Dirigeanten, éier si op déi verschidden Ateliers verdeelt ginn, e puer Minuten op eng flott Musek waarm ze maachen (wéi déi Grouss). Duerno soll et direkt lass goen. Responsable Butzen: Léa Stein - Redlinger Grousse Butzendag vun der LASEP fir den Cycle 1 an 2 Dans le cadre du „Grousse Butzendag“ en novembre 2014, les différents après-midi sportifs se dérouleront aux dates et aux lieux suivants: le mardi, 11.11.2014 à Waldbillig le jeudi, 13.11.2014 à Bonnevoie / Demy Schlechter le jeudi, 13.11.2014 à Esch-Alzette le jeudi, 13.11.2014 à Hosingen le jeudi, 13.11.2014 à Sandweiler le mardi, 18.11.2014 à Burmerange I n s c r i p t i o n Les inscriptions sont à renvoyer pour le 23 octobre 2014 au plus tard à l’adresse email lea.stein@education.lu en indiquant: le nom de l’Association sportive le nom du dirigeant responsable son numéro de téléphone et son adresse email le nombre des participants du C1 et du C2 la date et le lieu préférés du Butzendag Inscription en ligneInscription disponible du (18h) au (24h) Nombre maximal de participants / teams: Insciptions déjà effectuées: 0 » Liste des inscriptions S'inscrire maintenant |