Butzendag fir 1. an 2. Schouljoer

20-11-2007

Description



seulement 1ère et 2e années primaires

Grousse BUTZENDAG vun der LASEP



exklusiv fir d'1. an 2. Schouljoer



1. De grousse BUTZENDAG vun der LASEP as den Donneschdeg, 15. November zu Zéisseng an den Dënschdeg, 20. November zu Betebuerg an zu Reiler

2. Dese grousse BUTZENDAG vun der LASEP as nëmmen fir d'Kanner aus dem 1. an dem 2. Schouljoer ( also dës Kéier kee préscolaire).

3. Dese grousse BUTZENDAG vun der LASEP soll FREED machen, ons Butzen sollen d'Aventure Sport' erliewen an enger Hal mat ville Kanner, vill méi ewéi 20.

4. An de Sportshalen kommen eng 100 Kanner zesummen, déi a Gruppen agedeelt gin queesch duerch déi eenzel Sektiounen mat engem Responsabelen pro Grupp.

5. An der Hal gin gläichzäitech 6 Ateliers (oder méi) ugebueden an déi 6 (oder méi) Gruppen trieden mateneen un a wisselen no enger bestëmmter Zeit (8 bis 10 Minuten).

6. De Nomëtteg soll vun 14 - 16 Auer daueren mat dem Aus- an Undinn, déi effektiv Spillzäit soll nët méi ewéi 60 Minuten sin.

7. Dee Nomëtteg soll keng Schoul gehal gin an och keng Schoul sin, dofir sollen dës Spiller doheem trainéiert gin, esou dass ons Butzen scho wëssen ëm wat et geet.

8. Wa mir ons all nët ze komplizéiert ustellen, misst dat Ganzt eng flott Expérienz gin, fir déi Grouss ewéi fir déi Kleng.

9 Et wär flott wann een géif probéieren, d’Kanner zesummen mat hiren Dirigeanten, éier si op déi verschidden Ateliers verdeelt gin, e puer Minuten op eng flott Musek waarmzeman(wéi déi Grouss). Duerno soll et dann direkt lass goen.

10.1. De Nomëtteg dauert zu Reiler vu 13.45 – 15.00 oder vu 14.45 – 16.00 Auer mat dem Aus- an Undinn, déi effektiv Spillzäit as nët méi ewéi 60 Minuten.
10.2 De Nomëtteg dauert Zu Betebuerg vu 14.15 – 15.30 oder vu 15.15 – 16.30 Auer mat dem Aus- an Undinn, déi effektiv Spillzäit as nët méi ewéi 60 Minuten.




INSCRIPTION pour le 7 novembre 2007 s.v.p.
Attention:
seulement 1ère et 2e années primaires