Butzen cycle 1+2

15-11-2011

Description



Programm:

BUTZENDAG LASEP KIEM 15-11-2011

1. EIS SCHOUL 12 enfants
2. LINTGEN 15 enfants
3. EPNDL 55 enfants
4. BERTRANGE 23 enfants
5. WALFERDANGE 50 enfants

TOTAL 1 5 5 enfants

Début des activités 14.30 hrs HALL SPORTIF: KIEM



Grousse Butzendag vun der LASEP fir den Cycle 1 an 2

De grousse BUTZENDAG vun der LASEP as den Dënschdeg, 15. November, den Donneschdeg, 17. November, den Dënschdeg, 22. November an den Donneschdeg, 24. November 2011.
De grousse BUTZENDAG vun der LASEP soll Freed machen, ons Butzen sollen d‘Aventure Sport erliewen an enger Hal mat ville Kanner, vill méi ewéi 20.
An de Sportshalen kommen eng 100 Kanner zesummen, déi a Gruppen agedeelt gin queesch duerch déi eenzel Sektiounen mat engem Responsablen pro Grupp.
An der Hal gin gläichzäiteg 6 Ateliers (oder méi) ugebueden an déi 6 (oder méi) Gruppen trieden mateneen un a wiesselen no enger bestëmmter Zäit (8 bis 10 Minuten).
De Nomëtteg soll vun 14 - 16 Auer daueren mat dem Aus - an Undinn, déi effektiv Spillzäit soll nët méi ewéi 60 Minuten sin.
Dee Nomëtteg soll keng Schoul gehal gin, an och keng Schoul sin.
Wa mir ons all net ze komplizéiert ustellen, misst dat Ganzt eng flott Experienz gin, fir déi Grouss ewéi fir déi Kleng.
D‘AS, déi esou een Butzen-Nomëtteg organiséiert kritt eng finanziell Hëllef vun 25 € a vun 2 € pro Participant.
Et wier flott, wann een géif probéiren, d‘Kanner zesummen mat hiren Dirigeanten, éier si op déi verschidden Ateliers verdeelt gin, e puer Minuten op eng flott Musek waarm ze man (wéi déi Grouss). Duerno soll et direkt lass goen.
Responsable Butzen: Nicole Kuhn – Di Centa
Inscription pour le
28 octobre 2011
au plus tard!