Butzen

09-12-2003

Description



1.De 15.grousse BUTZENDAG vun der LASEP
as den Denschdeg, 9. Dezember an
den Donneschdeg, 11. Dezember 2003.

2. De 15. grousse BUTZENDAG vun der LASEP as fir d'Kanner aus dem préscolaire, dem 1. an dem 2. Schouljoer.
n
3. De 15.grousse BUTZENDAG vun der LASEP soll FREED machen, ons Butzen sollen d'Aventure Sport' erliewen an enger Hal mat ville Kanner, vill méi ewéi 20.

4. An de Sportshalen kommen eng 100 Kanner zesummen, déi a Gruppen agedeelt gin queesch duerch déi eenzel Sektiounen mat engem Responsabelen pro Grupp. Opgepasst! Mir proposéieren Gruppen ze man déi speziell fir de préscolaire reservéiert sin: de Grupp 'préscolaire' mecht déi selwecht Ateliers, och 8-10 Minuten, mee d'Ubung oder d'Spill a sengem Rhytmus.

5. An der Hal gin gläichzäitech 6 Ateliers (oder méi) ugebueden an déi 6 (oder méi) Gruppen trieden mateneen un a wisselen no enger bestëmmter Zeit (8 bis 10 Minuten).

6. De Nomëtteg soll vun 14 - 16 Auer daueren mat dem Aus- an Undinn, déi effektiv Spillzäit soll nët méi ewéi 60 Minuten sin.

7. Den Dirigeant aus der Hal ewou d'Kanner hikommen, soll déi Spiller opbauen, déi sech a senger Hal am beschten maachen loossen.

8. Wa mir ons all nët ze komplizéiert ustellen, misst dat Ganzt eng flott Expérienz gin, fir déi Grouss ewéi fir déi Kleng.

9. De CC huet décidéiert, den AS, déi esou een Nomëtteg fir ons Butzen organiséieren, eng finanziel Hëllef vu 50 € a vun 2 € pro Participants zoukommen ze loossen fir d'Frais d'organisation (Gedrënks...),d’administration et mise à disposition du hall et du matériel(CC du 26.03.98 a 26.10.98) ze decken.

10. Et wär flott wann een géif probéieren, d’Kanner zesummen mat hiren Dirigeanten, éier si op déi verschidden Ateliers verdeelt gin, e puer Minuten op eng flott Musek waarmzeman(wéi déi Grouss). Duerno soll et dann direkt lass goen.



INSCRIPTION pour le 21 novembre

Responsable de l'organisation:
Nicole KUHN-DI CENTA
7 Val des Romains
L-8149 BRIDEL
tél 33 08 68
ou 48 55 70- fax 48 54 47
info@lasep.lu