Triathlon-Workshops

15-06-2004

Description



LASEP & FLTRI

Als Virbereedung op deen 1sten Vollekstriathlon zou Remerschen den 03.07.2004, wou speziell Kanner an Jugenddistanzen organseiert gin, lanceiert d’LASEP an Zesummenoarbescht mat der FLTRI ( Fédération luxembourgeoise de triathlon ) een Triathlonworkshop den 15 Juni 2004 bei den Baggerweieren zu REMERSCHEN. Dest ass eng Meigelchkeet fir d’Kanner an hier Dirigeants, dei flott Sportart auszeprobeieren. Dat ganz ass eeng Schnupperaktiviteit fir Kanner ab dem 3. Schouljoer.

Wichteg ass dat dei interesseiert Kanner den Freischwimmer hun.

Zaitplang :

Treffpunkt ab 14.45 Auer

Ufank ab 15.00 Auer

Inhalt vun der Aktivitéit

· Schwammen: 10min ( Erklärungen + Ausprobeieren ). Z.B. Helm undoen, de Velo fannen, Schong undoen, op de Velo klotttern....
· Velo: 15 min – max 20min ( Erklärungen an Ausprobeieren )
· Lafen: 10 - 15min ( Erklärungen an Ausprobeieren )
· Je no Zaitplang eng Mini Course

Mir sin geint 16.15 – 16.30 Auer faerdeg

Wat muss een matbrengen ?

· Velo ( Course velo / oder Mountain-Bike )
· Helm
· Sportsschoung ( Lafschlappen )
· kuerz Box & Tshirt
· Schwammbox / respektif ee Maillot
· Schwammbrell & 1 Schwammkaap
· Gudd Laun

Umellen bis den 28 Mai 2004 bei info@lasep.lu
Fax 48 54 47 / Tel 48 55 70

Transport
Ee Bus, wou d' Veloen mattransporteiert gin. ( z.b Voyages Weber )

!! PS: Bei schlechtem Wierder ( ze kaal, ze vill Reen )

Am Fall wou Wasser ze kaal ass, get een Duathlon Workshop organiseiert

Secherheet

· Um Wasser: Diplomeiert Trainer & Sportsproffen sinn op der Plaatz, desweidern ee Boot. De Parcours ass kuerz ( z.b ee Dreieck mat eng Wasserschnouer vun jeweis 25m ) D’Kanner mussen frai geschwommen sinn ( Brevet nageur ).
· Mam Velo: op enger ofgespoartener Stross ( vun 700m ) A/ R = 1400, sinn verschidden Übungen virgesinn.
· Lafen: och op verkeiresfraien Parcours


Renseignementer:
Jos Mousel
jos.mousel@education.lu
oder
jhemp ernzen
FLTRI
Tel: 78 75 15
Mobile: 021 37 49 30
Email: jhemp.ernzen@education.lu