Journée des Dirigeants à Goesdorf

17-06-2006

Description



Rendez-vous em 15.30 Auer um Fitness Parcours zu Géisdrëf. Leit kommen entweder iwert Nordstrooss, Houschent rof, bis Bockholtz-Moulin an da rop op Bockholtz a Goesdorf. Wee ass gezeechent!! Aner Méiglechkeet: iwert Ettelbréck, Heischent, Heischtergronn bis op Wolz (Deviatioun) an dann Nocher-Route, Dahl, Goesdorf

Fir all Interesséiert gëtt hei eng geleedte Wanderung iwert de Wee „op der Spur vum Antimon“ gebuede mat als Ofschloss enger kuerzer Visite vun der Antimon-Minn vu Géisdrëf.

Dono Méiglechkeet fir sech am Sall zu Géisdrëf anescht unzedon, Waasser steet parat. (' a wat gët ët ze drenken???)

Fir all aner (an och Participants vum der Wanderung natiirlech): RDV ëm 6 Auer zu Bockholtz (bei Goesdorf) an enger Scheier an der Mëtt vum Duerf. Parking entlaang vun der Strooss aus béide Richtungen an op der Wiss vun der Famill Hans.
An der Scheier gëtt et Apéritif, gebuede vun der Gemeng. Usprooch vun der Präsidentin vun der LASEP Goesdorf Alice Goeders-Margraff a vum Buergermeester Arthur Schockmel.
Dono de Menu: Fierkelsbrot um Spieess gebroden, mat dobai Zalote-Buffet a gebootschte Gromperen. Dessert: allerlee (Kuch, Taarten, Mousses, Tutti-Frutti).

Et as a rustikalem Rahmen, mat offenem Kamain, nek de beste Schnëppel undin an eventuell ee waarme Pullover dobai fir wann et méi spéit gëtt. Gas-Heizung ass viirgesin. Danzmusek mam DJ Quirin bis spéit an d’Nuecht.

Umelldung bis de leschten Mee um Mail jeff.elcheroth@education.lu
oder bei der LASEP


PS: wien ze spéid as, kritt keng Gromperen!!!