Young Walker's Day à Oberdonven

16-10-2007

Description



2 Strecken si méiglech

A)5 km:(fir déi Kleng, et get biergof an nët iwert Strooss!!!)
Iwwer d'Héichte vum Froumbierg (316 m) geet et laanscht den Haangebierg mat herrleche Vuen op de Museldall mat Meechtem an Nëttel op der däitscher Säit.
Laanscht an duerch d'Fielsen vun der Deisermillen an duerch d'Wéngerte vun der Groer Äerd bis op d'Musel bei Gréiwemaacher (138 m).
Hei waarden d'Bussen, déi zréck op Uewerdonwe fueren. Ennerwee eng Kontroll mat Erfrëschungen.

B)10 km:
Sou wéi bei de 5 km bis Gréiwemaacher, mee vun do aus zréck iwwer Winnegfiels a Laang Kaul duerch de Bësch, duerch Arkadeweeër mat neie Vuen op Gréiwemaacher a Wellen.
Weider geet et dann iwwer de Fronay-Huef bis Uewerdonwen an d'Hal, wou de Bus scho prett steet. De laangen Tour huet zwou Kontrollen.

Fir déi 5 km geet et ni iwwert d'Strooss; bei den 10 km just de läschte Kilometer (bis an d'Hal).

Mat frëndleche Gréiss,
Paul Sandt

Umellen bis de 5.Oktober