Jeux aquatiques à Mersch et Steinfort13-01-2005DescriptionLes jeux sont publiés au BIO 4 inscription pour le 12 décembreWaasserspiller DPiscine a 5 oder 6 Couloire opdeelen. An all Couloir fënnt iwer dBreet während 10 oder 12 Minuten en Atelier statt. No där festgeluechter Zäit gin dKanner eng Statioun weider bei all Atelier ass een Dirigeant deen sech em deen Atelier këmmert. Déi Spiller, déi hei virgestallt gin, solle nëmmen Virschléi sin, well net a jidder Piscine dMéiglechkeet gin ass se och duerchzeféieren. Munch Piscine huet och dëst oder dat Material, dat aner Spiller erméiglecht. 1) Schwammstaffelen DKanner op 2 Säiten verdeelen. + Ee Kand schwëmmt mat engem Briet an den Hänn op déi aner Säit an gët do deem näxten säi Briet, dee schwëmmt erëm zréck. - Beebewegung vun der Brasse: om Bauch, dann om Réck - Beebewegung vum Crawl: om Bauch, dann om Réck + Ee Kand schwëmmt op déi aner Säit an dreiwt dobäi e Ball virun sech. Do iwerhëlt dee näxten. - Arm- a Beebewegung vun der Brasse - Arm- a Beebewegung vum Crawl + Ee Kand schwëmmt op déi aner Säit a bléist en Dësch-Tennis-Ball virun sech. Do iwerhëlt dee näxten. (Brasse) 2) Werfen + Eist Feld ass eidel Mat enger Schnouer deele mer de Basseng an zwee.An all Halschent kënnt eng Equip vu 6 bis 10 Schwëmmer.An all Hallschent leien och vill Bäll oder Pullbuoyen (evtl. méi wéi Kanner). Op Kommando gin dBäll bei déi aner iwer dSeel geworf. Wie bréngt et fàerdeg, fir een Ament kee Ball a sengem Feld ze hun? + An der Mëtt vum Couloir schwëmmt e grousse Reef (evtl. 2 Reefer openeen).Am Waasser schwammen vill Bäll oder Pullbuoyen vun 2 verschiddene Faarwen. Wéi eng Equip huet sSaachen vun hirer Faarf fir téischt an de Reef geworf? 3) Transportéierstaffelen DKanner op 2 Säiten opstellen. + Dat éischt Kand ass am Waasser, leet sech eng Pullbuoy op säi Briet, schwëmmt op déi aner Säit, leet dPullbuoy op de Bord vum Baséng, schwëmmt zréck, gëtt dBriet un de näxten (dee schon am Waasser ass),dee leet séng Pullbuoy op dBriet a mëcht dat selwëcht. + Idem mat anerem Material: - eng gefëllte Fläsch op dBriet stellen an transportéieren - eng gefëllte Fläsch op dBriet stellen, dFläsch gëtt op där anerer Säit an engem Eemer eidel gemaach wien huet säin Eemer fir téischt gefëllt? 4) Waasserball Iwwert dBreet vun Baséng spillen. Zwou Equipe vu 6 Schwëmmer. E Goal brauche mer nët. E siwente Matspiller sëtzt um Bord, wéi beim Tuermball a muss de Ball opfänken. Dachs dSchwëmmer wiesselen. E Schwëmmer, deen de Bord upéckt muss gewiessselt gin. E Schwëmmer, deen de Ball huet, muss direkt eng Pass maachen an däerf nët mam Ball weiderschwammen. 5) Rettungsschwammen DKanner 2 an 2 opstellen ee Kand hëlt e Briet virun sëch an zwou Hänn a schwëmmt om Réck dat anert Kand hëlt dat selwecht Briet mat zwou Hänn um anere Wutz a léisst sëch ofschleefen de Bord beréieren an dChargen tauschen zréckschwammen de Bord beréieren déi näxt Koppel mëcht dat selwëcht. 6) Dauchen + DKanner gläichmeesseg op all Säit vum Couloir verdeelen. Déi sech géinteniwer stinn, sprangen an dWaasser a wiesselen ënnert dem Waasser eng Saach: Réng, Zill, asw. + DKanner an zwou gläichgrouss Equipen deelen an op engem Bord vum Couloir opstellen. Fir all Equip leien um Enn vum Couloir verschidden Saachen ënner Waasser. Een nom aaneren sprèngt an dWaasser, daucht fir dSaach zréck un de Bord ze bréngen, deen näxten mëcht dat selwëcht. Wéi éng Equip ass fir téischt fäerdeg? Inscription en ligneInscription disponible du (18h) au (24h) Nombre maximal de participants / teams: Insciptions déjà effectuées: 0 » Liste des inscriptions S'inscrire maintenant |