Butzen - 1ère et 2e années scolaires

22-11-2005

Description



19. Grousse BUTZENDAG vun der LASEP

exklusiv fir d'1. an 2. Schouljoer


1. De 19. grousse BUTZENDAG vun der LASEP as den Dënschdeg, 22. November an den Donneschdeg, 24. November.

2. De 19. grousse BUTZENDAG vun der LASEP as nëmmen fir d'Kanner aus dem 1. an dem 2. Schouljoer ( also dës Kéier kee préscolaire).

3. De 19. grousse BUTZENDAG vun der LASEP soll FREED machen, ons Butzen sollen d'Aventure Sport' erliewen an enger Hal mat ville Kanner, vill méi ewéi 20.

4. An de Sportshalen kommen eng 100 Kanner zesummen, déi a Gruppen agedeelt gin queesch duerch déi eenzel Sektiounen mat engem Responsabelen pro Grupp.

5. An der Hal gin gläichzäitech 6 Ateliers (oder méi) ugebueden an déi 6 (oder méi) Gruppen trieden mateneen un a wisselen no enger bestëmmter Zeit (8 bis 10 Minuten).

6. De Nomëtteg soll vun 14 - 16 Auer daueren mat dem Aus- an Undinn, déi effektiv Spillzäit soll nët méi ewéi 60 Minuten sin.

7. Dee Nomëtteg soll keng Schoul gehal gin an och keng Schoul sin, dofir sollen dës Spiller doheem trainéiert gin, esou dass ons Butzen scho wëssen ëm wat et geet.

8. Wa mir ons all nët ze komplizéiert ustellen, misst dat Ganzt eng flott Expérienz gin, fir déi Grouss ewéi fir déi Kleng.

9. De CC(réunion du 26.03.98 an 26.10.98 ) huet majoritairement décidéiert, den AS, déi esou een Nomëtteg fir ons Butzen organiséieren, eng finanziel Hëllef vu 25€ a vun 2€ pro Participants zoukommen ze loossen fir d'Frais d'organisation (Gedrënks...),d’administration et mise à disposition du hall et du matériel ze decken.

10. Et wär flott wann een géif probéieren, d’Kanner zesummen mat hiren Dirigeanten, éier si op déi verschidden Ateliers verdeelt gin, e puer Minuten op eng flott Musek waarmzeman(wéi déi Grouss). Duerno soll et dann direkt lass goen.


INSCRIPTION pour le 10 novembre 2005 s.v.p.


Attention:
seulement 1ère et 2e années primaires


6 Sports-halen gesicht

wa méiglech,
hëlleft ons ee flotten Nomëtteg fir ons Butzen ze man.