Natation10-02-2009Description"mir schwammen 1000 km" den 3. de 5. an den 10. Februar "Mir schwammen 1000km" steet dëst Joer nes um Programm an dofir wëll ech Iech nach eng Kéier un déi Saachen erënneren, déi ech Iech d'lescht Joer proposéiert hat fir d'Kanner méi ze begeeschteren: 1. Bei all Kand Zuel vu sengen geschwommenen Längten opschreiwen an him een Diplom iwwerreechen. Esou een Diplom gët nach un all AS verscheckt an ët kënnen da Koppië gemat gin. 2. De Kanner virschloë verschidde Schwammstyler ze probéieren. 3. Kleng Ubungen an Spiller abauen Een Deel vun der Längt dauchen Mat engem Reef um Kapp schwammen E Ball viru sech dreiwen ouni en unzepaken E Briet iwwert dem Schwamme mat enger Hand aus dem Waaser halen Op engem Bried eng Plastikfläsch, déi hallef gefëllt as, transportéieren Mat Flosse schwammen Zu zwéin schwammen - deen zweete päkt deen éischte bei der Schëlleren un - um Réck leien an een deen aneren zéien - deen een leit um Réck mat engem Briet, un dat sech deen zweeten, deen um Bauch leit, upaakt An enger laanger Kette schwammen; ee paakt deen aneren un de Schëlleren un. B u l l e t i n d' i n s c r i p t i o n à retourner à Monsieur Guy TREIS 11 Eechelsbiärrig L-9907 Troisvierges pour le 17 janvier 2009Inscription en ligneInscription disponible du (18h) au (24h) Nombre maximal de participants / teams: Insciptions déjà effectuées: 0 » Liste des inscriptions S'inscrire maintenant |