Fitnessparcours

19-10-2004

Description



Nach eng Méigelechkeet d'Grondlagen-Ausdauer ze trainéieren.



Déi lescht Joeren sollten d'Spillcrossen hëllefen d'Grondausdauer vun eise Kanner ze verbesseren. Leider sinn oft Spiller ugebuede ginn, déi neischt mat der Entweckellung vun der Ausdauer oder der Laftechnik ze dinn haten an d'Lafstrecke sinn ëmmer méi kuerz ginn.

Duerfir wëll ech e

Grondlagen-Ausdauertraining



- mat Entweckëllung vun der Reaktiounsschnellegkeet,

- Lafschnellegkeet

- a Schnellegkeetsausdauer

proposéieren, een Training bei iech doheem op engem Parcours am Bësch oder Feld, wou ëmmer déi éischt Kilometer solle lues gelaf ginn, an ee sech esou un e luese Lafrythmus gewinnen kann a waarm gëtt.

Duerno fënnt ee bestëmmt eng Streck um Parcours, wou folgende Laf-spezifesche Programm kontinuierlech duerchgefouert kë ginn:

1. 2 mol 80 m Steigerungslef mat klenge Pausen

2. 120 m Tempolaf (Coursetempo) duerno Paus: 1. Spill

3. 150 m Tempolaf (Coursetempo) Paus: 2. Spill

4. 180 m Tempolaf (Coursetempo) Paus: 3. Spill

5. 150 m Tempolaf (Coursetempo) Paus: 4. Spill

6. 100 m Tempolaf (Max)

duerch d'Spiller dauëren d'Pausen roueg 5-10 Minuten virum nächsten Effort.

Duerno gëtt de Rescht vun der d'Streck erëm lues zeréckgeluegt an d'Lasepkanner haten en optimalen Training mat vill Zefriddenheet iwwerall hiert bescht ginn ze hunn.

(Dauer: ongeféier 1h 30)

Als Spiller proposéieren ech:


1.Spill: Werfen

8 Heuler ginn an eng Tonn geworf, déi 20 m ewech steet. Wien mat sengem Vortex d'Tonn net trefft, probéiert weider vun deeër Plaatz, wou den Heuler gelandt ass, fir d'Ziel ze treffen.

2.Spill: Sprangen

Als Récklafstaffel 10 m
1. Duerchgang: op dem rechte Been,
2. Duerchgang: op dem lenke Been
3. Duerchgang: déi 2 Féiss beieneen sprangen,

zeréck gëtt ëmmer gelaf

3.Spill: Hürdelaf

10 m als Récklafstaffel iwwer 2 Hürden lafen, eng Hürd fir dohinn an eng Hürd fir zeréck.

4.Spill: Koordinatioun

15 m Hampelmann sprangen. Wann deen eischten Sprénger 15 m gesprongen ass kënn deen zweete direkt ufänken. Mir huelen d'Zäit bis 8 Kanner déi 15 m korrekt gespronge sinn.