Young Walkers Day à Senningerberg

18-10-2012

Description



Départ um Sennengerbierg (Scouts - Chalet an der Industriezone „Breedewues“ vun 14 Auer un)

5 km fir déi, denen dat duer get:

Ofkierzung beim grénge Punkt op der Kaart „point de bifurcation 5/10 km“.

10 km fir déi, déi dat packen.

Les bus devront attendre au parking devant l’ancienne aérogare à Findel.

Veuillez donc remplir la fiche de la page 10 de ce Bio, garder la première partie et remettre la deuxième partie à l’accueil avant le départ.

Merci beaucoup!!

Opgepasst - ganz wichteg!!!

Den Accueil vun de Bussen ass um Parking niewent der Firma Baatz an der Industriezone. D‘Kanner dierfen de Bus nëmmen do verloossen an och duerno nëmmen do an de Bus eraklammen.
Well net vill Plaz fir d‘Bussen ass, musse mer d‘Arrivée vun de Bussen iwwer eng ganz Stonn verdeelen. Fëllt eis dofir w.e.g. aus um wéivill Auer Dir am léiwsten mam Bus um Sennengerbierg ukommt. Mir kucken fir Ärem Wonsch wa méiglech no ze kommen. Dir kritt den Horaire nach bestätegt.
Fir dass de Bus och gläich nees weiderfuere kann, fëllt d‘Fiche vun der Säit 10 am Bus aus, haalt den 1. Deel a gidd den 2. Deel virum Départ beim Accueil of.
D‘Busse mussen bei déi al Aérogare um Findel parke goen. (Kaart Säit 7 vum Bio 2) Nom Walking muss de Bus d‘Kanner nees ofhuele kommen. Dofir braucht Dir dem Buschauffeur seng GSM-Nummer!
Leschten Départ ass um 15 Auer.
Passt besonnesch gudd op de Verkéier an der Industriezone an um Parking vun der Firma BAATZ op!
D‘Kanner sollen adequat gekleed sin.

Mir kommen am léiwsten mam Bus un um:

14.00 Auer
14.10 Auer
14.20 Auer
14.30 Auer
14.40 Auer
14.50 Auer



T