Jeux aquatiques à Mersch

20-01-2005

Description



Les jeux sont publiés au BIO 4

inscription pour le 12 décembre



Waasserspiller

D’Piscine a 5 oder 6 Couloire opdeelen. An all Couloir fënnt iwer d’Breet während 10 oder 12 Minuten en Atelier statt. No där festgeluechter Zäit gin d’Kanner eng Statioun weider – bei all Atelier ass een Dirigeant deen sech em deen Atelier këmmert.

Déi Spiller, déi hei virgestallt gin, solle nëmmen Virschléi sin, well net a
jidder Piscine d’Méiglechkeet gin ass se och duerchzeféieren. Munch Piscine huet och dëst oder dat Material, dat aner Spiller erméiglecht.

1) Schwammstaffelen
D’Kanner op 2 Säiten verdeelen.
+ Ee Kand schwëmmt mat engem Briet an den Hänn op déi aner Säit an
gët do deem näxten säi Briet, dee schwëmmt erëm zréck.
- Beebewegung vun der Brasse: om Bauch, dann om Réck
- Beebewegung vum Crawl: om Bauch, dann om Réck
+ Ee Kand schwëmmt op déi aner Säit an dreiwt dobäi e Ball virun sech.
Do iwerhëlt dee näxten.
- Arm- a Beebewegung vun der Brasse
- Arm- a Beebewegung vum Crawl
+ Ee Kand schwëmmt op déi aner Säit a bléist en Dësch-Tennis-Ball
virun sech. Do iwerhëlt dee näxten. (Brasse)

2) Werfen
+ Eist Feld ass eidel
Mat enger Schnouer deele mer de Basseng an zwee.An all Halschent
kënnt eng Equip vu 6 bis 10 Schwëmmer.An all Hallschent leien och
vill Bäll oder Pullbuoyen (evtl. méi wéi Kanner). Op Kommando gin
d’Bäll bei déi aner iwer d’Seel geworf. Wie bréngt et fàerdeg, fir een Ament kee Ball a sengem Feld ze hun?
+ An der Mëtt vum Couloir schwëmmt e grousse Reef (evtl. 2 Reefer
openeen).Am Waasser schwammen vill Bäll oder Pullbuoyen vun
2 verschiddene Faarwen. Wéi eng Equip huet s’Saachen vun hirer Faarf fir t’éischt an de Reef geworf?

3) Transportéierstaffelen
D’Kanner op 2 Säiten opstellen.
+ Dat éischt Kand ass am Waasser, leet sech eng Pullbuoy op säi Briet, schwëmmt op déi aner Säit, leet d’Pullbuoy op de Bord vum Baséng, schwëmmt zréck, gëtt d’Briet un de näxten (dee schon am Waasser ass),dee leet séng Pullbuoy op d’Briet a mëcht dat selwëcht.
+ Idem mat anerem Material:
- eng gefëllte Fläsch op d’Briet stellen an transportéieren
- eng gefëllte Fläsch op d’Briet stellen, d’Fläsch gëtt op där anerer Säit
an engem Eemer eidel gemaach – wien huet säin Eemer fir t’éischt gefëllt?

4) Waasserball
Iwwert d’Breet vun Baséng spillen. Zwou Equipe vu 6 Schwëmmer.
E Goal brauche mer nët. E siwente Matspiller sëtzt um Bord, wéi beim Tuermball a muss de Ball opfänken. Dachs d’Schwëmmer wiesselen.
E Schwëmmer, deen de Bord upéckt muss gewiessselt gin. E Schwëmmer, deen de Ball huet, muss direkt eng Pass maachen an däerf nët mam Ball
weiderschwammen.

5) Rettungsschwammen
D’Kanner 2 an 2 opstellen – ee Kand hëlt e Briet virun sëch an zwou Hänn
a schwëmmt om Réck – dat anert Kand hëlt dat selwecht Briet mat zwou Hänn um anere Wutz a léisst sëch ofschleefen – de Bord beréieren an
d’Chargen tauschen – zréckschwammen – de Bord beréieren – déi näxt Koppel mëcht dat selwëcht.

6) Dauchen
+ D’Kanner gläichmeesseg op all Säit vum Couloir verdeelen. Déi sech géinteniwer stinn, sprangen an d’Waasser a wiesselen ënnert dem Waasser eng Saach: Réng, Zill, asw.
+ D’Kanner an zwou gläichgrouss Equipen deelen an op engem Bord vum
Couloir opstellen. Fir all Equip leien um Enn vum Couloir verschidden
Saachen ënner Waasser. Een nom aaneren sprèngt an d’Waasser, daucht
fir d’Saach zréck un de Bord ze bréngen, deen näxten mëcht dat selwëcht.
Wéi éng Equip ass fir t’éischt fäerdeg?