Butzen cycle 1+2

15-11-2012

Description



Grousse Butzendag vun der LASEP fir den Cycle 1 an 2

De grousse BUTZENDAG vun der LASEP ass den Dënschdeg, 13. November, den Donneschdeg, 15 November, den Dënschdeg, 20. November 2012.
De grousse BUTZENDAG vun der LASEP soll Freed machen, ons Butzen sollen d‘Aventure Sport erliewen an enger Hal mat ville Kanner, vill méi ewéi 20.
An de Sportshalen kommen eng 100 Kanner zesummen, déi a Gruppen agedeelt ginn queesch duerch déi eenzel Sektiounen mat engem Responsablen pro Grupp.
An der Hal ginn gläichzäiteg 6 Ateliers (oder méi) ugebueden an déi 6 (oder méi) Gruppen trieden mateneen un a wiesselen no enger bestëmmter Zäit (8 bis 10 Minuten).
De Nomëtteg soll vun 14 - 16 Auer daueren mat dem Aus- an Undinn, déi effektiv Spillzäit soll nët méi ewéi 60 Minuten sinn.
Dee Nomëtteg soll keng Schoul gehal ginn, an och keng Schoul sinn.
Wa mir ons all net ze komplizéiert ustellen, misst dat Ganzt eng flott Experienz ginn, fir déi Grouss ewéi fir déi Kleng.
D‘AS, déi esou een Butzen-Nomëtteg organiséiert, kritt eng finanziell Hëllef vun 25 € a vun 2 € pro Participant.
Et wier flott, wann ee géif probéiren, d‘Kanner zesummen mat hiren Dirigeanten, éier si op déi verschidden Ateliers verdeelt ginn, e puer Minuten op eng flott Musek waarm ze maachen (wéi déi Grouss). Duerno soll et direkt lass goen.
Responsables Butzen:
Léa Stein - Redlinger
Nicole Kuhn – Di Centa

BUTZENDAG LASEP Esch/LALLENG 15-11-2012
1. Bonnevoie Gellé(cycle 2) 30 enfants
2. Hesperange (1) 20 enfants
3. Hesperange (2) 20 enfants
4. Koerich 10 enfants
5. Leudelange (1) 15 enfants
6. Leudelange (2) 18 enfants
7. Schifflange 23 enfants
8. Lux-Gare 20 enfants

TOTAL 1 56 enfants