Communiqué LASEP en date du 21 juin 2026




Face à la vague de chaleur attendue :

METEOLUX –> ALERTE JAUNE / ORANGE / ROUGE


Opgepasst! Et gëlle folgend Consignen:
Soulaang wéi déi héich Temperaturen unhalen, recommandéiert de Bureau exécutif vun der LASEP bei Äre LASEP-Seancen onbedéngt op Folgendes opzepassen:

  • bleift am beschte mat de Kanner am Schiet
  • evitéiert, datt d’Kanner grouss kierperlech Efforte maachen
  • wann dir op eng Spillplaz gitt, dann denkt un eng Kappbedeckung a Sonnecrème fir d’Kanner
  • d’Kanner solle genuch drénken, well se méi schnell deshydratéieren

Dës Mesure sollen zu der Sécherheet, der Gesondheet an dem Wuelbefanne vun eise Kanner bäidroen.

Eventuell Direktive vum MENJE si selbstverständlech och fir d’LASEP applikabel.

Wann eng Gemeng wéinst der Hëtzt schoulfräi gëtt, mussen deen Dag och d‘LASEP-Seancen an där Gemeng annuléiert ginn.

! Eng Surveillance MUSS garantiert sinn !

D'LASEP-Dirigeante sollen am enke Kontakt mat all Concernéiert sinn.


Villmools Merci a sportlech Gréiss


Bureau exécutif LASEP







» Continuer vers le site